Wat ass CASHBACK?

Et ass wierklech einfach. All Kéier, wann Dir eppes iwwert Obaxa kaaft, bezilt de Partner-Shop eis eng Provisioun fir d’Vermëttlung op hir Websäit a mir ginn Iech e groussen Deel vun deene Suen als „Cashback“ zeréck.

CASHBACK - Wéi funktionéiert dat?

Alles, wat Dir maache musst ass Iech aloggen (oder umellen – et ass zu 100% gratis an onverbindlech!), de Partner-Shop, bei deem Dir akafe wëllt, iwwert d’Kategorien oder d’Sich-Läischt fannen an drop klicken, an da wéi gewinnt bei Ärem gewielte Shop akafen. Oder Dir vergläicht Präisser an eiser Sich-Läischt, wielt en Artikel aus a kaaft en dann op der Partner-Websäit. Mir verfollegen Ären Akaf a schreiwen den entspriechende Cashback-Betrag (Status „Nach op“) Ärem Cashback-Kont gutt.

Wann den Artikel bezuelt ginn ass an den Delai fir en zeréckzeschécken ofgelaf ass, bezilt de Partner-Shop d’Provisioun un Obaxa. Soubal mir d’Provisioun kritt hunn, gëtt de Cashback-Status vun Ärem Akaf vun „Nach op“ op „Bestätegt“ gesat.

Et ass wierklech ganz einfach: akafen a Geld zeréckkréien.

N.B. Cashback gëtt nëmmen op de Nettowäert vun Artikelen, ouni TVA an all aner Taxen, wéi zum Beispill Versandkäschten, bezuelt.

Verdéngt boert Geld duerch Frëndschaftswerbung!

Är Virdeeler mat dem Network Marketing System vun Obaxa:

Dir erhaalt 10% vun de Cashback-Gewënner vun Ären direkt geworbene Frënn (1. Stuf)
Dir erhaalt 5% vun de Cashback-Gewënner vun de geworbene Frënn hire Frënn (2. Stuf)
Dir erhaalt 3% vun de Cashback-Gewënner vun deenen hire geworbene Frënn (3. Stuf)

(ouni Cashback-Verloscht fir Är Downline)

Jidder vun Iech geworbene Frënd kritt direkt de Member-Status "Silver".

Bescht Method, fir ëmmer CASHBACK ze erhalen!

Loggt Iech ëmmer fir d’éischt bei Obaxa an a start dann Ären Akafstour! (andeem Dir op de Partner-Link klickt)

Dir kënnt eis Chrome Extension installéieren an aktivéieren! Ganz praktesch, well mat dëser Erweiderung loosst Dir Iech kee Cashback méi entgoen, och wann Dir eemol vergiess hätt iwwer Obaxa anzekafen. (Virausgesat natierlech, dass dee Shop ee vun eise Partner ass.)

Gitt uecht, dass Ären Akafskuerf eidel ass, éier Dir mat Akafen ufänkt! Wann dir schonn, virun Ärem Aloggen bei Obaxa, Artikelen aus deem Shop an Ärem Akafskuerf hutt, kann et passéieren, dass dësen Akaf net a Betruecht gezu gëtt an Dir kee Cashback erhaalt.

Wéi kann ech mir mäi CASHBACK ausbezuele loossen?

D’Ausbezuelen ass einfach a sécher!

Soubal Dir registréiert sidd, erhaalt Dir op all Akaf Casback, deen Ärem Cashback-Kont guttgeschriwwe gëtt. Wann Äre bestätegte Cashback-Betrag 25 € erreecht huet, kënnt Dir en Ausbezuele per Iwwerweisung ufroen. Klickt einfach op den Ausbezuelen-Button an Äre Cashback-Detailer an Äre bestätegte Cashback gëtt, Ufank des Mounts an ouni Fraisen, op dee Kont, deen Dir an Ären Obaxa-Konto-Astellungen agedroen hutt, ausbezuelt.

N.B. Nëmmen de bestätegte Cashback-Betrag gëtt ausbezuelt! All Akaf, deen iwwer Obaxa gemaach gëtt, muss vun eise Partner-Shoppe bestätegt ginn an dat kann bis zu 60-90 Deeg daueren (bis den Delai fir zeréckzeschécken ofgelaf ass).

Kascht et eppes?

Nee, näischt! Mir versécheren Iech, dass d‘Umellen zu 100% gratis a legitim ass; et gëtt absolut keen Hoken. Den Obaxa-Kont ass gratis, onverbindlech a kann zu all Moment erëm geläscht ginn.

Méi Informatioune néideg?

Consultéiert w.e.g. eis